Scho säit dem Joer 1981 gëtt et d‘ASBL Autisme Lëtzebuerg. Gegrënnt gouf d‘ASBL mam Zil speziell Schoulklasse fir Kanner mat Autismus ze schafen.
Am Joer 2006 gëtt den CRT, den Centre Roger Thelen, deen neie Sëtz vun der ASBL, zu Biekerech ageweit. Niewent enger Rei vu Servicer mat deene mir Leit mat Autismus an hir Familljen am Alldag ënnerstëtzen ass eng vun eisen Haaptmissioune, Leit mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung fit fir eng Aarbechtsplaz um sougenannten éischten Aarbechtsmaart ze maachen. Dëst ass awer net fir jiddweree méiglech, dofir bedreiwe mir am CRT zu Biekerech an an der aler Schoul zu Useldeng, 11 Atelier protegéeë wou eis Leit eng adaptéiert Aarbechtsplaz fannen an all Dag flott Produite schafen.
Vun analog zu digital.
Al Videoskassetten oder Zeitungsartikelen, al Bicher oder en ale Fotosalbum?
Esou muenchereen huet nach esou en ale Schatz doheem leien.
Am Back-Office Atelier kënnen dës Schätz mat Hëllef vun héichmoderne Scanneren a Recorderen, an op Basis vun deenen héchsten Qualitéitsstandarden an Norme fir Iech digitaliséiert ginn.
Op Privatpersoun, Administratioun oder ëffentlech Instanz, Är analog Schätz si bei eis a gudden Hänn.
Al Kaffissäck, al Sprangschlässer a Calicoten, ale Schaumgummi aus Matrassen
an al Kleeder. Lauter Saachen déi anerwäerts an der Dreckskëscht landen.
Net esou am
Bitzereisatelier.
Upcycling ass hei d‘Stéchwuert. Aus all deenen ale Materialien an eegens produzéierte Stëfter aus Bio-Kotteng mat eegenem Design, entstinn méi ewéi eng Rëtsch eenzegaarteg a kreativ Produiten.
Mond-Nues Masken, Sëtz-, Lies- a Yogakëssen, Rucksäck, Poschen, Gesellschaftsspiller fir ënnerwee an nach villes méi.
E Flyer oder e Plakat fir dee nächste Bal, eng Broschür fir Äre Veräin, Visittekaarte fir Äre Betrib oder flott Invitatiounen fir eng Kommioun oder e Gebuertsdag?
Vun der Berodung iwwer de Layout, der Auswiel vum passenden, recycléierten oder FSC certifiéierte Pabeier, dem Drock, Veredelung a Personaliséierung bis bei déi fäerdeg Drécksaach.
Eis professionell Ekipp aus dem Dréckereisatelier steet Iech mat hirem Fachwëssen a kompetenter Berodung zur Verfügung!
Esou muencher Stéck Uebst an eisem Gebeess oder e Kraider an eisem Menü wuessen direkt hanner eisem Gebai. Niewent dem Entretien vun eisem Gaart an eisem Bongert këmmert de Gaardenatelier sech och drëm datt et ëmmer propper a flott ronderëm eist Gebai ausgesäit.
An de Wanterméint produzéiert de Gaardenatelier Holzspäin fir Äre Kamäin oder Äre Grill unzefeieren.
Am Info-Média Atelier entsteet de Konterbont, deen éischten, komplett digitale Magasinn op Lëtzebuergesch zu Lëtzebuerg. A Form vun enger App fir de Smartphone an den Tablett ass de Konterbont dat ideaalt Hëllefsmëttel fir d‘Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, säi Wuertschatz ze erweideren oder d‘Lëtzebuerger Land an all senge Facettë kennen ze léieren.
Eng weider Innovatioun am Info-Média Atelier ass en 360 Grad Fotostudio an deem Produiten digitaliséiert an dat digitaalt Material fir E-Commerce Säiten oder Produktkatalogen opbereet ka ginn.
Niewent dësen zwou Haaptaktivitéite betreit den Info-Média Atelier och d‘Internetsäit an d‘sozial Medie vun der ASBL.
Artisanal an traditionell, bal ewéi fréier. Mat aler Technik an handwierklechem Geschéck produzéieren eis Aulebäcker am Keramikatelier eng grouss Panoplie vu kreativen Artikelen aus Toun mat deels faarweger Glasur.
En eenzegaartegen, handgemaache Gaardenzwerg, eng flott Deko fir an d‘Wiss, Dekoratiounsartikele fir Fester, Kreativitéit kennt hei bal keng Grenzen. Soll et emol eppes Perséinleches sinn oder en Eenzelstéck? Eise Keramikatelier erfëllt Iech bal all Wonsch!
Ee Menü, zwou Alternativen an eng Hellewull u Bréidercher. All Dag frësch op den Dësch, kreativen a gesond, direkt aus eisem aus eisem Kichenatelier. An eisem Take-Away zu Biekerech fann dir all Dag e gudde Maufel fir mat Heem oder op de Büro ze huelen.
E Gebuertsdag, eng Kanddaf, e Veräinsfest oder eng Betribsfeier, eis Kichenekipp mécht sech eng Freed draus fir Är Feier Kanapeeën, Pains surpises, frësch Zaloten oder Uebstzaloten zou ze bereeden!
Dir hutt emol erëm Loscht op eng Gebeesseschmier?
Mat eisen aussergewéinleche Gebeesszorte gëtt all Schmier zu engem klengen Schlabäizchen.
Äppel, Bieren, Quetschen oder Orangen, dat si just e Grapp voll vun den Uebstzorten déi an eisem Konfiseriesatelier zu méi ewéi 25 aussergewéinlechen Zorte Gebeess verschafft ginn.
Aus héichwäertegem Uebst a mat vill Handwierksgescheck entstinn am Konfiseriesatelier awer och eng Hellewull un eenzegaartege Kamellen déi engem bei all Bëss e Laachen an d‘Gesiicht zauberen.
Pabeier, Kartrong, Plexiglas, Holz oder och Schifer. Dat si just e Grapp voll vun de Materialien déi eis zwou Laseranlagen am Laser-Tec Atelier verschaffe kënnen. Op gravéieren, schneiden oder Béides zesummen. Aus deenen ënnerschiddleche Materialien entstinn eng Hellewull u Produiten ewéi Schlësselunhänger, Verpackungen, Glasënnersetzer an nach villes méi!
Awer och fir d‘Realisatioun vun Ären Iddien si mir fir Iech do! Dir hutt eng Iddi am Kapp?
De Laser-Tec Atelier mécht sech eng Freed draus se fir Iech ze realiséieren!
Klassesch an traditionell, genee ewéi fréier. Aus Stoffreschter an alem Pabeier entsteet am Pabeieratelier eng ganz Gamm un flotten Designpabeieren.
Mat vill Léift zum Detail ginn doraus, mat fläissegen Hänn an engem Koup Kreativitéit, eenzegaarteg a modern Produiten hiergestallt. Vun Kaarte fir all Zweck iwwer Kaddosverpackungen oder individuell hiergestallte Menüskaarte realiséiert de Pabeiersatelier Produite fir all Zweck an Ulass. Individuell, kreativ, a modern.
Mir wäschen Är knaschteg Wäsch, an dat am wouerste Sënn vum Wuert! Dir sidd e Sportsveräin oder e Betrib an dir hutt reegelméisseg knaschteg Handdicher, Sportstrikoten oder Aarbechtsgezei?
Eise Wäschereisatelier këmmert sech drëm a wäscht, faalt a streckt Är Wäsch fir dat se derno erëm ewéi nei aus dem Buttek ausgesäit!
Kontaktéiert eis Atelieren:
Site Useldeng | |||
Back-Office | Janika Meyer | Tél:: 266 233 54 | |
Site Bieckerech | |||
Bitzerei | Chantal Koster | Tél.: 266 233 45 | |
Dréckerei | Greg Foetz | Tél.: 266 233 42 | Wäschkichen | Kim Hieff | Tél.: 266 233 55 |
Keramik | Jessica Fernandez | Tél.: 266 233 80 | |
Konfiserie | Michel Gargano | Tél.: 266 233 50 | |
Kichen | Steve Foesser | Tél.: 266 233 49 | |
Info-Média | Marc Wilgé | Tél.: 266 233 61 | |
Gaardenatelier | Carmen Müller | Tél.: 266 233 44 | |
Laser-Tec | Christoph Lenz | Tél.: 266 233 74 | |
Pabeier | Cynthia Flesch | Tél.: 266 233 43 | |
D’Autismus-Spektrum-Stéierung ass eng Entwécklungsstéierung déi Symptomer an de Beräicher vun der sozialer Interaktioun, der Kommunikatioun an engem stereotypeschen Verhalen oder Interessien weist. D‘Symptomer, a wéi schwéier d‘Persoun vun Autismus betraff ass, ënnerscheeden sech vu Persoun zu Persoun. Bei verschiddenen Persounen déi vun Autismus betraff sinn, ginn et Begleeterkrankungen wéi zum Beispill Depressiounen, bei aneren kann och eng geeschtech Behënnerung virleien. D‘Diagnos vun Autismus gëtt duerch e spezialiséierten Dokter gemaacht an ass e laangen a komplexe Prozess. Autismus ass keng Krankheet a kann net geheelt ginn, mee duerch eng, op déi jeeweileg Persoun zougeschnidden, psychologesch a pedagogesch Betreiung vun eise Spezialisten kënnen eng Rei vu Symptomer reduzéiert an d‘Fäegkeeten an de Beräicher vun der sozialer Kommunikatioun, der Fäegkeet Entscheedungen ze treffen oder och d‘Flexibilitéit am Alldag gestäerkt ginn.
Hei fannt dir méi Informatiounen iwwer Autismus (a franséischer Sprooch)!Iwwer Leit mat Autismus ginn et eng Hellewull u Klischeeën. E puer dovunner erklären eis Leit Iech an dëse Videoen:
Niewent den Aarbechten an den Atelieren gehéieren nach ganz vill aner Saachen zu eisem Alldag.
Wat? Dat weise mir Iech an dësem Video!
Zéckt net eis ze kontaktéieren, per E-Mail info@autisme.lu oder per Telefon +352 266 233-1
Fir d‘Liewensqualitéit vu Mënschen mat Autismus an hire Familljen verbesseren ze kënnen si mir op all finanziell Hëllef ugewisen.
Wéi kënnt Dir eis ënnerstëtzen?
Well all Spender d‘Recht huet ze wëssen wat mat senger Spend passéiert ass am Joer 2011 d‘ASBL Don en confiance gegrënnt ginn. Zil vun der ASBL ass et Notzung vu Spendegelder ze kontrolléieren an dem Spender dat néidegt Vertrauen ze ginn.
Autisme Luxemborg gehéiert zu de Grënnungsmemberen vun der ASBL.
Är finanziell Ënnerstëtzung kënnt Dir op ee vun dëse Konten iwwerweisen:
* All Don un eis ASBL ka steierlech ofgesat ginn.